Déi nei Sportszeitung ass do!

Wéi ugekënnegt an der letzter Sportszeitung vum September, ass ët elo esou weit, a mir sinn houfreg ärch kënnen hei déi nei Sportszeitung ze presentéieren.

Grënnung

Gegrënnt den 1. Januar 1976, matt 3 Liftingen wärend dësen Joren, huet die ganz Ekipp vun der Redaktioun dorunner geschafft, eng komplett nei a modern Sportszeitung erauszebréngen.



Faarweg

All eenzel Säiten sinn elo faarweg fir eis Fotoen méi schéin duerzestellen, nët méi geklammert mee ënnert der Form vun engem Heft matt engem Inhaltsverzeichnis vun den Rubricken fir ärch kënne besser direkt op déi richteg Säit ze féieren déi dir sicht.


Rubriken

Mir hun eis Rubricken bäibehalen well ët eis wichteg ass, nët nëmmen Sport mee och waat an der Gemeng passéiert, ze publizéieren.




5mol am Joer

D’Sportszeitung gët weiderhin 5 mol am Joer publizéiert an déi kënnt ëmmer nom 20ten vun de Méint Januar, Abrëll, Juli, September a November eraus, an den Abo-Präis bleift fir 2024 och bei 50€/Joer.


är Meenung

Mir wären frou wann dir eis är Meenung dozou kënnt ginn, an och all Bemierkung oder aner Wënsch zu dëser Sportszeitung kënnt dir eis gären eran schecken ënnert der E-Mail Adress:   sportzeitung@asw.lu


Abonnement

Bäitrag vu 50€ / Joer
ze iwwerweisen op de Konto:
CCRALULL LU29 0090 0000 0002 0529
Vermierk: Sportzeitung + Numm a Virnumm + Adress
D‘Zeitung kënnt ëmmer nom 20te vun de Méint: Januar, Abrëll, Juli, September a November.


Werbung

Dier wëllt aer Annoncen resp. Reklammen och an eis Sportszeitung setzen, dann kontakteiert eis einfach iwwert:   sportzeitung@asw.lu


Kontakt

sportzeitung@asw.lu

AS Wëntger Sportzeitung

5, Kierchestrooss

L-9752 HAMIVILLE


Impressum

Herausgeber:

Association Sportive Wincrange
5, Kierchestrooss L-9752 Hamiville
www.asw.lu



Redaktioun

Redaktioun:

Jeppe Andreasen (+352 661 140 456)
André Berscheid (+352 691 790 857)
Sébastien Differding (+352 661 768 355)
Jeff Engelen (+352 621 226 919)
Guy Scholzen (+352 621 377 827)



Grafik an DroCk

Grafik & Drock

Like it or not Sàrl
41, Om Gisel L-9742 Boxhorn
info@likeitornot.lu
www.likeitornot.lu

Auflage:

900 Stück


Beispill vun enger Sportszeitung